CSV-STELLUNGNAHM ZUM PUNKT 7 : Création et adaptations de diverses taxes relatives au CIPA à Soleuvre
Et muss e begréissen dass den Direkter vum CIPA eis dee Punkt an d’Finanzkommissioun virstelle komm ass. Well ouni déi Erklärungen déi mär do kritt hunn, hätte mär verschidde Schrëtt net kënnen novollzéien.
Mär bedaueren awer nach ëmmer dass déi Erklärungen net och dem Gemengerot direkt am Dossier zur Verfügung stinn.
Et ass net déi 1. Kéier dass mär dorop opmierksam maachen dass den Dossier zu deene Punkten net komplett ass an dass mär do Verbesserunge gefrot hunn.
Wéi kënne mär eis dreemen dass déi Erhéijung vun 2.5% den Index sinn? Dat hätt jo och kënne puren Zoufall sinn. Do misst den Direkter oder de Schäfferot eng kleng Erklärung dobäischreiwen. Z.B. Suite à la décision du conseil communal du…
D’Selwecht bei deen aneren Taxen. Do kéint och op d’Reglement iwwer den Accueil géronologique verwise ginn, op mannst fir d’Erklärung vun der Héicht vum Betrag.
Bei de “Frais de gestion de dossier et rénovation studio” begréisse mär dass deen Onkäschtebäitrag bei der Admissioun an net der Sortie vum Pensionnär geschitt. Et ass och luewenswäert dass vill Uarbechten intern solle gemat ginn, mä dat hätt och kënnen als Justificatioun do stoen.
D’Taxe selwer sinn all vertriedbar, och gesetzlech an der Reih, mä mär enthalen eis awer erëm. An dat esou laang wéi eisen Dossier bei dëse Punkten eis et net erlaabt “en tout état de cause“ am viraus, och ouni Finankommissioun, ze jugéieren.
CSV-STELLUNGNAHM ZUM PUNKT 8 : Ajustement des taxes communales relatives à la participation financière aux colonies scolaires (Fiesch)
D’CSV huet gläich 2 Problemer mat dësem Ajustement.
En 1. Problem betrëfft de Budget-Posten vun der Participatioun vun den Elteren an de RO vum Budget 2012. Egal wéi de Vote ausgeet, an de Recettes Ordinaires (S.17) ass weder die al, nach déi nei Tax iwwerholl, mä eng, wéi et schéngt, aus dem Joer 2002 (nämlech 50 € fir Summer a Wanter). De Chiffer dee verrechent ginn ass bei den Dépenses Ordinaires entsprécht och net deenen neien oder aale Präisser, wann een déi Lëscht vum ‚Coût par élève’ kuckt, déi mär hei am Dossier hunn an dann dovun d’Participatioun vun den Elteren ofrechnen.
Mär hunn awer nach méi e grousse Problem mat dem sozialen Aspekt vun dëser Erhéijung. Hei erhéije mär op ee Coup d’Taxe fir d’Summerkolonie ëm méi wéi 100 % an déi fir d’Wanterkolonie souguer ëm 157%. Mär wëssen, an d’Zuelen aus dem Office Social beweisen dat ganz däitlech, dass mär ëmmer méi sozialschwach Famillen an eiser Gemeng hunn. Et sinn elo scho Famillen, fir déi die 35€ eng ze grouss Belaaschtung woar an déi d’Kanner dann doheem gehalen hunn. Besonnesch am Wanter kënnt jo dann och nach eng Ausgab fir déi richteg Kleedung derbäi, wat da fir eng Rei vu Famille finanziell net ze droe woar. An elo gët et fir vill nach méi onméiglech.
Wa mär esou Vakanzekolonien ubidden, dann ass et schon nach éischter fir déi Kanner geduet, déi vun doheem aus net an esou eng Vakanz kënne goen. Dofir musse mär onbedingt sozial bleiwen an net elo, a grad an dësen Zäiten, dës Participatioun massiv erhéijen.
Dofir wärte mär dës Erhéijungen net matstëmmen.
CSV-STELLUNGNAHM ZUM PUNKT 12: Approbation d’une convention arrêtant les modalités de collaboration entre la Commune de Sanem et l’asbl “Maison de la laïcité”
Dës Konventioun wërft fir eis eng ganz Reih Froen op.
Mär wëllen elo net dorop agoen dass de President vun där asbl och gläichzäiteg de Buergermeeschter vun eiser Gemeng ass an dass d’Fra vun engem Gemengerot och Member an där asbl ass.
Hei kritt eng asbl vun der Gemeng 15 000 € fir hier Missioune kënnen z’erfëllen, d.h. déi Missiounen déi déi asbl sech selwer am Artikel 2 vu senge Statute gëtt.
Dës asbl huet säi Sëtz jo hei an der Gemeng. Firwat gëtt dës asbl net wéi een anere Veräin och behandelt?
Mär verstinn net firwat dës asbl net einfach als Veräin unerkannt gëtt an een normale Subsid kritt esou wéi eis aner Gemengeveräiner och.
Mär hu jo och asbl’en hei an der Gemeng déi national agéieren, mär denken do un d’Dyspasie.lu.
Mär kënnen eis virstellen dass vill aner Veräiner frou wäre wa se esou einfach 15 000 € kréichten amplaz een normale Subsid.
De Punkt 4 vun der Konventioun ass fir ee Baussestehende ganz suspekt.
Do steet d’asbl kréicht eng “subvention annuelle financière”. Déi Zomm gëtt dann all Joer nei fixéiert, dat kéint jo dann och heeschen dass se all Joer eropgeet.
Da steet wuertwiertlech do: “La participation communale contribue à financer les activités de l’asbl telles que reprises dans le budget en annexe. L’asbl s’engage à utiliser ces fonds dans le seul but défini par la présente convention.”
Wann et ëm de “lancement d’une maison de la laïcité” geet, da sollen déi Suen och exklusiv dofier benotzt ginn an net fir allméiglech Artikelen déi an hierem Budget virgesi sinn.
Hu mär dat richteg verstanen dass d’Gemeng zousätzlech zu de 15 000 € der asbl och nach Gebailechkeeten zur Verfügung wëll stellen (Art. 5 Soutien logistique)?
Hei erëm d’Fro firwat déi pauschal Zomm vu 15 000€ an net wéi z.B. bei der Boulefederatioun oder engem anere Veräin d’Ennerbrengung zur Verfügung stellen oder verschidde Käschten iwwerhuelen nodeems d’Gemeng d’Ofrechnunge kritt huet.
An der Regierungserklärung vun 2009 huet d’Regierung sech bereet erkläert d’Schafe vun engem “réseau national de Maisons de la laïcité” z’ënnerstëtzten.
An deem Kader géif d’Regierung och 75% vun den Infrastrukturkäschte vu regionalen Zentren iwwerhuelen. An d’Associatiounen déi dës Haiser verwalten sollen ee jährleche Forfait fir hier Funktionnementskäschten aus dem Statsbudget kréien.
Dës Tatsaach ass an der Konventioun selwer nach guer net berücksichtegt ginn. Och am Budget steet do nach keen anere Betrag wéi dee vun eiser Gemeng do.
Et geet eis näischt un ob déi asbl scho mat der Regierung Kontakt opgeholl huet, mä et muss een sech awer d’Fro stelle firwat eis Gemeng déi asbl elo finanziell ënnerstëtzt. Zéien aner Gemengen no? Wéi gedenkt déi asbl sech ze finanzéieren?
Dat do gesäit e bëssen no Self-Service aus. Esou kéint jo all nei asbl bei d‘Gemeng uklappe kommen a Sue froe fir aus de Startlächer ze kommen.
Mär droen hei de Lancement an eng Philosopie vun engem Veräin mat ouni iwwerhaapt ze wëssen ob déi am Sënn vun eiser Gemeng schafft.
Well weder an de Statuten, nach an der Konventioun steet dass d’asbl sech engagéiert d’Maison de la laïcité hei an der Gemeng op d’Been ze stellen.
Esou wéi bei der Kannerbuerg asbl beispillsweis huet d’Gemeng d’Gebailechkeeten zur Verfügung gestallt. An dat wär, eiser Meenung, och hei dee richtege Wee. D’Gemeng soll fir d’Infrastrukture suergen an d’Onkäschten bis zu engem Deel decken an dann ev. d’asbl als Gestionnär asetzen.
Mär sinn net prinzipiell géint eng Maison de la laïcité, och wa vill Leit der CSV dat wëlle virwerfen, mä hei bleiwen einfach zevill Froen an eisem Dossier an an eise Käpp onbeäntwert a mär kënnen déi Pauschal vu 15 000€ net novollzéien.
Also JO zum Prinzip, awer net ënnert dëse Konditiounen. Dofier stëmme mär bei dësem Punkt dogéint.