No iwwer 8 Méint nach ëmmer keng Äntwert vum Schäfferot

Un de Schäfferot vun der Gemeng Suessem

Bieles, den 1. Juni 2012

Mär hunn als Gemengeréit eng Kopie vun engem Bréif kritt, deen un de Schäfferot adresséiert ass. Dee Bréif ass op de 24. Mee 2012 datéiert a kënnt vun enger Awunnerin aus der Grand-Duchesse Charlotte Strooss vu Bieles.

Doranner beklot déi Persoun sech dass hiere Bréif vum 12. September 2011 ouni Äntwert ärersäits bliwwen ass.

Donieft beklot déi Persoun sech awer och dass si Problemer mat hirem Noper huet, deen sech anscheinend beim Bau vun enger Clôture esou wéi vun enger Schwämm net un déi bestehend Reglementer gehale soll hunn.

Gemäss dem Artikel 25 vum Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988, erlaabt mär Äech an der Sëtzung vum nächste Gemengerot folgend Froen ze stellen:

  • Firwat huet déi Persoun bis elo (no iwwer 8 Méint) nach ëmmer keng Äntwert vum Schäfferot kritt?
  • Kënn Där eis méi Detailer zu deem Fall ginn?

Merci am viraus fir Är Äntwerten, mat menge beschte Gréiss,

Fir d’CSV-Fraktioun,
Mike LORANG a Carine REUTER-BAULER

Nathalie MORGENTHALER
Member vum Gemengerot