Verkéierssituatioun an der Rue de France zu Bieles

Un de Schäfferot vun der Gemeng Suessem

Bieles, Mee 2013

Am Gemengerot hu mär scho méi dacks iwwert d’Verkéierssituatioun an der Rue de France zu Bieles geschwuat.

D’CSV huet rezent och nach eng Kéier op déi geféierlech Lag vun der Maison relais an där Strooss higewisen, awer och allgemeng op den onerlaabten Duerchgaangsverkéier vun de Camionen déi aus Richtung oder a Richtung Frankräich och duerch de Rescht vun der Uertschaft fueren.

Mëtt Mee wuar ee Lieserbréif vun den Awunner aus där betraffener Strooss an enger Dageszeitung ze liesen. Deen Artikel huet ausgesot dass all Dag mindestens 40 Camione géifen duerch déi Strooss fueren. Doduerch gëtt natierlech d’Sécherheet an d’Gesondheet vun deene Leit déi do wunnen op d’Spill gesat.

Well mär schonn dacks iwwert dëse Problem riets haten, wësse mär och mat wat fir enge Problemer d’Police ze kämpfen huet.

Gemäss dem Artikel 25 vum Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988, erlaabt mär Äech an der Sëtzung vum nächste Gemengerot folgend Fro ze stellen:

–            Kann de Schäfferot net méi proaktiv an dësem Dossier ginn andeems Léisunge mat den zoustännegen Autoritéite gesicht ginn, déi Moossname géife schafen déi dee Camionsverkéier ganz géifen ënnerbannen?

Merci am viraus fir Är Äntwert, mat menge beschte Gréiss,

d’CSV-Fraktioun