Un de Schäfferot vun der Gemeng Suessem
Bieles, Juni 2013
Gemäss dem Artikel 25 vum Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988, erlaabt mär Äech an der Sëtzung vum nächste Gemengerot folgend Froen ze stellen:
– Wéi héich sinn déi jeeweileg Käschten déi am Kader vum Contournement vu Bascharage op d’Gemeng zoukomm sinn?
- Fir d’Ausschaffe vun den Alternativen duerch d’Firma Luxplan?
- Fir d’Kommunikatiounsagence?
- Fir den Affekot?
- Fir Aneres?
– Wéi ass et dozou komm dass dee läschte Schouldag an der Schoul 2000 zu Zolwer extra wéinst dem Zolwer Muart, organiséiert vun der Zolwer Musek, vu Méindes, dem 15. Juli op Samschdes, den 13. Juli 2013 geréckelt ginn ass?
– Wéi sinn d’Schlussfolgerunge vun der Aféierung vum „sens unique“ an der Rue Grand-Duchesse Charlotte zu Bieles? Wéi kéint et no der ëffentlecher Versammlung vum 20. Juni 2013 do weidergoen?
Merci am viraus fir Är Äntwerten,
d’CSV-Fraktioun