Allgemeng CSV-Stellungnahm an awer och spezifesch zum Punkt 24 : «Avis du conseil communal relatif à la circulaire n°3046 du Ministère de l’Intérieur et à la Grande Région : Information et consultation du public concernant le calendrier, le programme de travail prévisionnel et les questions importantes en matière de gestion de l’eau dans le cadre de la révision, du plan de gestion des districts hydrographiques du Rhin et de la Meuse (partie luxembourgeoise)» vum 19. Juli 2013
Mär géife gären eis Onzefriddenheet par rapport zu der Opstellung vun der Dagesuerdnung vun der Sëtzung vun haut zur Sprooch bréngen. Et ass jo esou dass vum Gesetz hir de Gemengerot den Ordre du jour vun der Sëtzung 5 Deeg virum Dag vun der Sëtzung soll kréien.
Mär hunn dës Kéier den Dossier Freides kritt, esou wéi de spéidsten Termin et erlaabt an awer hu mär Dënnsches nach den Inhalt vu 6 Punkten, Mëttwochs vun engem 1 Punkt an Donneschdes, also den Dag virdrun, nach vu 7 Punkten nogereecht kritt resp. Ännerungen/zousätzlech Punkte matgedeelt kritt.
Wann d’Dagesuerdnung och net groussarteg geännert huet, an do si mär och flexibel wann et Urgence ginn, esou ass et awer schwéier als Gemengerot den Dossier seriö kënnen ze studéiere wann den Inhalt vun de Punkte feelt resp. nach e puer Deeg virdrun ännert. Och wa mär den Dossier op d’Gemeng kënne kucke kommen, esou musst Där als Schäfferot zouginn, dass verschidde Punkte bis den Dag virdrun net bekannt wuaren. Et ginn Dokumenter déi sinn op den 18. Juli 2013 datéiert an déi hu mär och deen Dag nogereecht kritt, also nëmmen een Dag virun der Sëtzung.
Mär hunn näischt géint Ausnahmen, wa se justifizéiert sinn, mä et däerf awer net zur Regel ginn, dass mär eis net am Virfeld kënnen extensiv mam Dossier beschäftege fir kënne konstruktiv Kritiken hei unzebréngen.
De Punkt 24 vun der haiteger Dagesuerdnung mëcht eis besonneg béis. Do geet et ëm eng Zirkulär vum Inneminister deen d’Gemengeréit opfuedert een Avis zu engem Text ze ginn.
An eisem Dossier wuar ënnert deem Punkt nëmmen eng Propos vun engem Avis vum Gemengerot drann. Mär woussten näischt vum Inhalt vun där Zirkulär a par rapport zu wat deen Avis sech geäussert huet.
Méindes hu mär dat op der Gemeng nogefrot an dunn eréicht nogereecht kritt. Du huet sech erausgestallt dass déi Zirkulär vun Dezember 2012 ass! Déi hätte mär als Gemengerot emol egalwéi kënnen zougestallt kréien… Da stellt sech och nach eraus dass d’Emweltkommissioun den Avis selwer ni gewise kritt huet.
Dofir wäerte mär eis och bei deem Punkt herno enthalen.
Verschidde Parteie fuerdere jo een Neiufank an der Politik. D’CSV géif Äech och bieden an dësem Beräich an Zukunft méi disziplinéiert virzegoen fir dass d’Oppositioun hir Roll och seriö kann ausüben. Anerefalls gesi mär eis gezwongen beim Distriktskommissär z’intervenéieren.