Froen un de Schäfferot
Un de Schäfferot vun der Gemeng Suessem
Bieles, den 11. November 2013
Gemäss dem Artikel 25 vum Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988, erlaabt mär, Äech an der Sëtzung vum nächste Gemengerot e puer Froen ze stellen.
An der leschter Ausgab vum Magazin vun der FGFC (Fédération générale de la fonction communale) stinn e puer Artikelen zum SIGI (Syndicat intercommunal de la gestion informatique) drann.
Do ginn zum Deel schwéier Virwërf géint den Direkter erhuewen an de Bureau souwuel wéi de Comité vum SIGI ginn opgefuerdert, eppes z’ënnerhuelen.
Dës Agissementer betreffen awer haaptsächlech d’Personal, dat am Syndikat selwer schafft.
Ech wéilt awer v.a. op déi Kritikpunkten agoen, déi Auswierkungen op eis Gemengen hunn. Esou sollen dem Goût vun der AIC (Association des informaticiens) vun der FGFC no ze vill extern Consultante fir deiert Geld ëm Rot gefrot ginn. Donieft géif vergiess ginn d’Leit, déi um Terrain schaffen, d.h. d’Gemengepersonal selwer, ze consultéieren.
Och soll d’Personal vum SIGI zwuar déi richteg informatesch Kenntnisser hunn, mä leider kennt et d’Situatioun vun de Gemengebedierfnisser net gutt genuch fir dass d’Produkter herno am Alldag eng wierklech Hëllef fir eist Personal an eis Gemeng a seng Bierger duerstellen.
- Kann eise Gemengevertrieder an deem Syndikat dës Usiichten deelen?
Allgemeng däerft et erlaabt sinn sech d’Fro ze stellen, ob d’Kommunikatioun vum SIGI fir den Zerwiss „macommune.lu“ net ufänkt, enorm Ausmoossen ze huelen an ob d’Manéier ubruecht ass. Am Ament leeft op der Startsäit vu „macommune.lu“ eng Sendung, déi „Sketch comedy“ heescht a wou ee Gemengesyndikat d’Gemengepersonal an ee schlecht Liicht stellt. Esou gëtt de Wee vum Bierger op eng Gemeng als „Kräizwee“ beschriwwen, deen immens „Efforten“ freet a „verlueren Zäit“ wär.
- Fënnt de Schäfferot dat net problematesch, wa mat Gemengesue säin eegent Personal an deem Filmchen schlecht duergestallt gëtt, wéi wa säin Zerwiss um Bierger net gutt wär?
- Riskéiert duerch déi Reklammen/Filmer net d’finanziell Gemengepartizipatioun an Zukunft ze klammen? A wa jo, ass de Schäfferot bereet, mat op dee Wee ze goen?
Merci am viraus fir Är Äntwerten, mat menge beschte Gréiss,
Fir d’CSV-Fraktioun, Mike LORANG a Carine REUTER-BAULER
Nathalie MORGENTHALER
Member vum Gemengerot