Un de Schäfferot vun der
Gemeng Suessem
Bieles, den 2. Juni 2014
Samschdes, den 31. Mee 2014 wuar e Fairtrade-Brunch an der Schoul 2000. Et sinn awer leider manner Leit komm ewéi erwuart an doduerch si vill Reschter (Iessen a Gedrénks) iwwregbliwwen.
Een Deel dovun ass, eisen Informatiounen no, un eist Altersheem, eis Maison relais an un déi Leit déi deen Dag gehollef hunn, verdeelt ginn, een aneren Deel huet ee Sportsveräin aus der Gemeng kritt, dee grad dee Weekend een Tournéier um Scheierhaff hat.
Gemäss dem Artikel 25 vum Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988, erlaabt mär Äech an der Sëtzung vum nächste Gemengerot folgend Fro ze stellen:
- Wär et net sënnvoll d’Gesamtkonzept vum Bekanntmaache vu Fairtrade Produkter z’iwwerschaffe fir den Erfolleg ze vergréisseren an ze verhënneren, dass d’Gemeng op Reschter, déi verfalen, sëtze bleift?
Merci am viraus fir Är Äntwerten, mat menge beschte Gréiss,
Fir d’CSV-Fraktioun, Mike LORANG a Carine REUTER-BAULER
Nathalie MORGENTHALER
Member vum Gemengerot