firwat gëtt sech net un d’Reglement gehalen?

Un de Schäfferot vun der

Gemeng Suessem

Bieles, Mee 2014

An enger Gemengerotssëtzung vum läschte Joer hat d’CSV drop opmierksam gemat, dass Uarbechter am Optrag vun der Gemeng scho virun 8 Auer Moies géifen op ëffentleche Plaze méinen an dat obwuel laut Artikel 10 vum „Règlement communal contre le bruit“ vun 1990 dëst eréischt ab 8 Auer erlaabt ass.

De Buergermeeschter hat eis deemools zougeséchert, dass heen den zoustännege Gemengenzerwisser géif mat op de Wee gi sech un d’Reglement ze halen, andeems se solle mat aner Uarbechten ufänken.

Lo ass et awer esou, dass sech schonn an dësem Joer erëm net un d’Reglement gehale ginn ass a scho virun der erlaabter Zäit geméint ginn ass.

Gemäss dem Artikel 25 vum Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988, erlaabt mär Äech an der Sëtzung vum nächste Gemengerot folgend Froen ze stellen:

  • Huet de Buergermeeschter den Uerder net viruginn oder firwat gëtt sech net un d’Reglement gehalen?
  • Wéi gedenkt de Schäfferot an dësem Dossier virzegoen?
  • Wa sech erausstellt, dass d’Uarbechten ev. anescht schlecht z’erleedege sinn, wär et dann net méi sënnvoll d’Reglement z’änneren?

 

Merci am viraus fir Är Äntwerten, mat menge beschte Gréiss,
Fir d’CSV-Fraktioun, Mike LORANG a Carine REUTER-BAULER

Nathalie MORGENTHALER
Member vum Gemengerot