CSV-STELLUNGNAHM ZUM BUDGET 2015

Ee grousse Merci geet vun eiser Säit aus un all déi Leit vum Gemengepersonal, déi beim Budget matgehollef hunn.

Mär luewen dëst Joer d’Tatsaach, dass mär d’Circulaire budgétaire vum Inneminister all Kéier virugeleet kritt hunn an och dass d’Membere vum Gemengerot an d’Finanzkommissioun invitéiert gi sinn, wann och e bësse spéit.

Wéi déi Jore virdrun, wéilte mär och eng Bemierkung zu de „commentaires budgétaires“ maachen. Mär wéilten all deene Matuarbechter Merci soen déi sech d’Méi ginn, dass d’Informatiounen ëmmer besser ginn.

An awer bleift nach Loft no uewen.

Beim Artikel iwwert d‘“élaboration nouveau PAG“ stëmmen z.B. d’Beträg aus dem „commentaire budgétaire“ net mat den Zuelen an der Tabell iwwerteneen.

Et ginn och eng Rei Budgetsartikele bei deenen eis net bewosst ass wat mat deene Sue geschitt ass resp. geschitt, déi do stinn.

Wat bedeite beispillsweis déi 15 000 € déi bei „Frais d’études et frais de recherche et de développement“ beim „Agent municipal“ stinn?

An der Circulaire steet op der Säit 10 och ganz kloer, wat fir Renseignementer missten am Budget stoen an dat ass bei eis net ginn. Esou steet z.B. ni eppes dran, wéi e Projet an der Zukunft finanzéiert gëtt. Ee Beispill fir dat z’illustréieren ass déi nei Sportshal zu Suessem. De Buergermeeschter huet de Betrag am Kader vum PPF (Plan pluriannual de financement) genannt, ma wann e gewosst ass, da soll en och an d’Budgetsdokument agefügt ginn.

 

Et ass schonn dat 3. Joer hannerteneen, dass mär de Buergermeeschter drop opmierksam maachen, dass heen déi falsch Zuele matenee vergläicht fir duerzestelle wéi vill ëmgesat ginn ass.

De Buergermeeschter huet d’läscht Joer hei gesot, dass 91,5% vum ausseruerdentlech Budget am Joer 2013 ëmgesat gi wären. Dëst Joer sinn et dann nëmmen nach 66,09%.

Mä et sinn nach ëmmer déi falsch Beträg matenee verglach ginn, de Budget initial vum Joer virdru mat Budget rectifié vum lafende Joer, dobäi misst een awer d‘“montants autorisés“ mam „rectifié“ vergläichen.

D‘“montants autorisés“ sinn neemlech déi Beträg, déi de Schäfferot sech 2014 autoriséiere gelooss huet, fir déi ausseruerdentlech Uarbechten ze maachen, déi hie virgesinn huet. A wann een déi Zuele matenee vergläicht, da läit de Prozentsaz dëst Joer esouguer nëmmen nach bei 60,6%.

Wat een Äech awer muss zougestoen, dat ass, dass d’läscht Joer manner Suen nogestëmmt gi sinn.

 

Als éischt wéilte mär emol positiv Aspekter erauspicken déi eis besonnesch gutt am Budget 2015 gefall hunn.

Esou sinn e puer Moossnahmen zur „Mobilité douce“ a fir Verkéiersberouegunge virgesinn. Op verschiddene Plazen ass dat och batter néideg an deemno och luewens- an ënnerstëtzenswäert.

Mär setzen och déck Stécker op d’Verkéiersetüden, an der Hoffnung, dass déi richteg Schlussfolgerungen draus gezu wäerte ginn, déi eise Bierger an Zukunft entgéint kommen.

 

Mär begréissen och d’Virundreiwen an d’Zustanekomme vum Projet vun der „Epicerie solidaire“, deen ëmmer méi konkret gëtt.

Dass an de Wunnengsbau investéiert gëtt, wourënner och sozial Wunnenge falen, och dat ënnerschreiwe mär mat 2 Hänn.

 

Da ginn et awer och Aspekter bei deene mär eis nach Froe stellen. 

Allgemeng ass et begréissenswäert, dass um Gaalgebierg eppes soll geschéien, well dat een Dossier ass dee scho vill Geld fir Etuden a Workshope verschlongen huet an net richteg aus de Startlächer kënnt. An awer wéilte mär gäre wësse wat bis 2017 fir déi ëmmerhinn      2 770 000€ do geschitt.

 

Wat luewenswäert ass, dat ass, dass no der Ëmgéigend vum Suessemer Schlass gekuckt soll ginn. Well d’Schlass ee nationalmonumentgeschütztent Gebai ass, komme mär net dolaanscht d’Alentoure mussen ze fleegen.

Mär begréissen, dass do ee Guart mat Bioubau bedriwwe soll ginn a mat Co-Labor hu mär do dee richtege Partner am Boot. Doriwweraus gi bei deem Projet Chômeure beschäftegt, déi erëm solle gehollef kréien de Wee zeréck op deen 1. Uarbechtsmuart ze fannen. Mat dëser Initiativ huet een mat Sécherheet also e puer Mécke mat engem Schlag.

Wat eis awer erféiert, dat ass de Käschtepunkt vum Aménagement vun den Alentoure vum Schlass, deen eis bis 2017 700 000€ wäert kaschten an d’Gäert déi bis dohin 350 000€ wäerte verschléngen.

Dat sinn awer enorm Zomme iwwert déi mär gäre méi Informatioune gehat hätten.

 

Zënter September 2014 leeft e Pilotprojet fir e Ganzdagsprécoce an 2 Uertschaften. Do si mär op alle Fall op de Bilan gespaant dee gezu wäert ginn. Mussen eis Infrastrukturen z.B. fir esou eng Ariichtung ugepasst ginn?

 

Mär sinn och op de Bilan vum Ruffbus gespaant, well dem Budget no missten all Dag 12,5 Fahrte gemat gi fir herno op een Defizit vu 77 000€ ze kommen. Och do mussen déi néideg Schlussfolgerunge gezu ginn an ev. d’Zieler déi ugefuer ginn, ugepasst ginn.

Mär wonneren eis, dass et anscheinend esou laang dauert bis e Ministär eng Zouso fir ee Subsid gëtt oder mécht d’Gemeng seng Demande esou resp. ze spéit?

Mär hu schonn déi 2 läscht Joer d’Bemierkung gemat, dass de Schäfferot sech soll finanziell Hëllef an eng Kooperatioun mat deenen zoustännege Ministäre siche goe fir d’Haus 2020 vum Staat matfinanzéieren ze loossen. Elo steet am Budget 2015 nach ëmmer nëmmen „demande de subside en cours“ do.

Bei der Pumptrackpiste an der Spillplaz bei der Schoul Bieles-Post si mär och nach ëmmer an deem Stadium an dat obwuel déi Projeten esouguer schonn ofgeschloss sinn.

 

Fir den Ausbau vun eisem Asazzenter, no der Entscheedung vun eisen Déifferdenger Kollegen, ass och net gewosst wéi vill de Staat bei deem Projet bäileet.

Mär hoffen, dass d’Modalitéiten tëschent deenen zwou Gemenge schrëftlech festgehale gi sinn, well esou laang den „établissement public“ iwwert d’“services de secours“ nach net um nationale Plang besteet, kann den Inneminister wahrscheinlech nach keng fest Zousoe maachen an d’Gemenge bleiwen am schlëmmste Fall mam Fanger am Mond, virop natierlech Déifferdeng.

Mär hu fir deen Ausbau 650 000 € als ausseruerdentlech Ausgab a 650 000€ als ausseruerdentlech Einnam vun der Déifferdenger Gemeng an eisem Budget stoen. An der Press wuar awer ze liesen, dass Déifferdeng 2015 nëmmen 340 000€ an hirem Budget stoen huet. Ass dat ee Feeler an der Press gewiescht oder huet Déifferdeng sech net un eng ev. Ofmaachung gehalen? Net dass d’Suessemer Gemeng herno abeemol déi mam Fanger am Mond ass.

2014 hu mär awer och als Gemeng schonn 100 000€ a „frais d’études“ gestach, ween iwwerhëlt déi Ausgab?

 

Een anert Beispill wou mär nach net wësse wéi vill de Staat bäileet, dat ass fir d’Kanaluarbechten am Kader vun der Untersuchungshaft um Ueschterhaff. Mär stiechen als Gemeng dem Budget no 2015 ëmmerhinn 340 000€ dran ouni ze wësse wéi héich d’Géigeleeschtung vum Staat wäert sinn. Déi Bemierkung hate mär och schonn d’läscht Joer op dëser Plaz gemat.

 

Bei eisem Boulodrome national am Metzerlach soll jo och nach eng zousätzlech Buvette bäikommen, ass do och un eng „demande de subside“ geduet gi resp. géif de Staat och bei deem Projet eppes bäileeën?

 

Am PPF (Plan pluriannuel de financement) hu mär gesinn, dass de « Musée didactique Gadder » bis 2017 eis 1 800 000€ kaschte soll. Et wär awer interessant ze wësse wat alles dorënner fält. D’Gebai steet jo schonn do, ginn d’Ëmbauuarbechten esou deier? Wéi steet et bei deem Projet mat de Personalkäschten? A wat fir enger Form bedeelegt sech de Staat bei deem ganze Projet, vun de Gebailechkeete bis bei d’Peien?

 

An elo zu de Punkten déi mär net kënne matdroen.

Wat eis komesch schéngt dat ass, dass 2015 keen eenzegen € méi fir d’Erneiere vun de Spillplaze virgesinn ass.

Mär hu misste feststellen, dass vill Suen a Spillplazen an de Schoulhäff investéiert ginn, mä bedaueren awer, dass verschidde Quartiersspillplazen an Noerhuelungsgebidder ëmgewandelt gi sinn, déi elo manner vu Kanner benotzt ginn. Et ass awer och wichteg, dass d’Kanner sech an hirer Fräizäit op enger anerer Plaz kënnen ophale wéi am bekannten Ëmfeld vun der Schoul.

 

Wat eis onmoosseg enttäuscht, dat ass, dass et 2015 net mam Projet „Betreit wunnen“ virugeet. Vun 2011 bis 2013 si ronn 34 000€ fir dee Projet ausgi ginn, do kommen 2014 nach eng Kéier ronn 94 000€ dobäi, an elo?

Mär haten eis beim Budget fir 2014 da wuel ze fréizäiteg iwwert d’Virundreiwe vum Betreite wunne gefreet, well 2015 stinn 0€ fir dee Projet am Budget.

Iwwer 100 000€ sinn also bis elo investéiert ginn, mä wéi gedenkt de Schäfferot op deem Punkt virunzefueren?

Wa mär dat richteg matkritt hunn, da stung an der Presentatioun vum Projet „social opportunities“, deen de President vum Office social an der läschter Sëtzung virgestallt huet, dass 71% vun den eelere Leit, déi befrot gi sinn, sech kloer fir esou Strukturen ausschwätzen.

Är Entscheedung 2015 näischt méi dofir virzegesinn ass op alle Fall erstaunlech, zumools well „Anbieten von betreuten Wohnstrukturen für Senioren“ ee Virsaz vum Koalitiounsvertrag tëschent de Sozialisten an deene Gréngen ass.

 

Esou ass och d‘„Erneuerung der Dorfkerne“ ee Punkt am Koalitiounsaccord gewiescht.

Fir de „Plan directeur Ehlerange“ si scho ronn 7000€ investéiert ginn, am Budget rectifié vu 2014 stinn 20 000€ dran a fir 2015 sinn dann elo 0€ virgesinn ?

Zu Bieles ass dach och schonn ee Projet presentéiert ginn, wou ronderëm d’Kierch ee verkéiersberouegenden Eck sollt entstoen, nom Konzept vu „shared space“. Mä ausser deenen 350 000€ fir d‘Grand-Duchesse Charlotte Strooss hu mär awer do och keen anere Betrag am Budget erëmfonnt.

Sinn déi Punkten zeréckgesat ginn a keng Prioritéit méi fir de Schäfferot?

 

Dat wat eis am meeschten enttäuscht huet, dat ass dat falscht Signal wat ausgesend gëtt, wann ee beim „Masterplan barrierefreies Bauen und Planen“ fir 2015 ganzer 0€ asetzt.

2014 hate mär Moossnahme fir 110 000€ virgestallt kritt, vun deenen d’Gemeng der och nëmmen d’Hallschent ausginn huet. An do sinn awer eng Rei Initiativen dobäi, déi ouni vill Opwand hätte kënnten ëmgesat ginn, esou wéi d’Anzeechne vun Behënnerteparkplaze bei ëffentleche Gebaier.

Et ass fir munch Leit vläicht net dee wichtegste Posten, mä e seet awer vill iwwert eis Mentalitéit aus. Wa mär eng solidaresch Gemeng wëlle sinn, esou wéi de Buergermeeschter dat awer och mam Wuert „sozial“ betount huet, da musse mär eppes fir Jidderee maachen, dozou gehéieren nunmol och Leit mat enger ageschränkter Mobilitéit, sief dat Leit mat Kutschen oder Leit mat deenen ënnerschiddlechste Behënnerungen, wouzou och altersbedingt Aschränkungen zielen.

Mär hate virun 3 Joer ee Präis vun Info-Handicap fir déi behënnertefrëndlechst Gemeng aus dem Land kritt, well mär dee Masterplang opgesat hunn. Mat eisem Projet vun der Beschëlderung a „liichter Sprooch“ am Gemengegebai gi mär nach eng Kéier ausgezeechent.

Et ass awer äusserst traureg festzestellen, dass de Schäfferot elo gedenkt mat deene gudden Initiativen opzehalen. Wann ee wëll op dee Wee vun enger behënnertefrëndlecher Gemeng goen, da muss ee wëssen dass dat ee kontinuéierlecht Engagement iwwer Joere bedeit an dass punktuell Aktioune vläicht luewenswäert sinn, mä dass een domat d’Ziel awer ni ganz erreecht.

Mär si vun Info-Handicap also ze vireileg ausgezeechent ginn, well de „Masterplan barrierefreies Bauen und Planen“ gëtt net zu Enn gefouert. Dat erënnert een dach stuark un dem Obama säi Friddensnobelpräis…

 

Bei der „Sommerrodelbahn“, déi soll um Gaalgebierg entstoen, wousste mär net ob mär dat sollte bei de positiven oder negativen Aspekter opzielen. Positiv ass, dass dee Projet net am Budget 2015 steet, negativ ass awer, dass e fir 2017 virgesinn ass an doduerch dann och nach 200 000€ méi deier géif ginn.

Et ass gewosst, dass dëse Projet vill Froen opwërft, doduerch d’Leit am Duerf beonrouegt an dass är Äntwerten, resp. feelend Äntwerten, eis och net iwwerzeegt hunn.

D’Madame Schäffin huet an hirer Ausféierung gutt erkläert u wat een alles muss denke wann een eppes Neits plangt. Ma genee bei dësem Projet kritt een awer den Androck, dass dëst net geschitt ass. Bei der Presentatioun vun dëser Summerrodelbunn wuare reng d‘Baukäschte berücksichtegt ginn an all d’Nofolgekäschten, virop d’Personalkäschten, wuaren net bekannt a konnten eis och net matgedeelt ginn.

 

Fir ze wësse wat mär op verschiddene Punkten anescht gemat hätten, geet et duer eise Wahlprogramm ze liesen.

Fir nëmmen e puer Punkten erauszepicken, déi mär och hei an eiser Ried opgegraff hunn, wou mär d’Prioritéiten anescht gesat hätten, wéi där se am Budget 2015 an an de viregte Budgete stoen hutt:

Mär hätten eng iwwerdeckte Spillplaz gebaut amplaz d‘Pumptrackpist, d’Accessibilitéit an d’Betreit wunne virugedriwwen, d’Duerfkären opgewäert…

Dann hätte mär och beim Klimapakt méi séier reagéiert, de Projet vun de Wandmille préiwe gelooss an an an. Wéi gesot, d’Beispiller fann där an eisem Wahlprogramm.

An eisem Wahlprogramm sinn och Beispiller dobäi fir Suen anzedreiwen. Esou kéint ee préiwen ob Deeler vum Suessemer Schlass, déi eidel stinn, géint ee Loyer u Kënschtler als Atelier kéinte verlount ginn.

Da wär et och sënnvoll wa Baufirmen, déi hir Projeten aus eegener Schold an d’Längt zéien, Geldstrofe misste bezuelen. Et ass jo net méi normal, dass z.B. de Schantjen an der Cité Fénkelbierg sech schonn iwwert 6 Joer erauszitt.

 

Wat d‘Pro-Kapp-Verschëldung ugeet, esou hu mär jo och schonn déi Joere virdru gesot, dass ee kann driwwer diskutéiere wat fir eng Awunnerzuel een hëlt fir déi Rechnung ze maachen. Wann ee keng Previsioun vun der Awunnerzuel mécht, mä mat der aktueller Awunnerzuel rechent (esou wéi aner Gemengen dat och emol maachen), da wär eis Pro-Kapp-Verschëldung 1498€ an domat méi héich wéi déi Zuel déi de Buergermeeschter genannt hat.

Fir ze gesi wat fir ee Spillraum eng Gemeng huet, muss ee kucke wéi grouss den Iwwerschoss am uerdentleche Budget ass.

Wat eis net richteg erschéngt, dat ass, dass där d’Suen déi mär duerch d’Bauschuttdeponie op Gadderscheier kréien an den uerdentlechen Einname verbucht, déi missten neemlech am ausseruerdentleche Budget stoen, esou wéi och Monnerech dat mécht.

Luewenswäert ass d’Tatsach, dass dee Betrag klenggehale ginn ass, well et kann een dovun ausgoen, dass dee Betrag zum Schluss vum Joer un eng Millioun € erukënnt, wann ee gesäit, dass 2014 iwwert ronn een Trimester schonn 280 000€ erakomm sinn.

Eis ass bewosst, dass dat näischt um Endresultat ännert ob déi Zomm am uerdentlechen oder ausseruerdentleche Budget steet, mä esou gëtt awer den uerdentleche Budget kënschtlech opgeblosen.

Eis beonrouegt dës allgemeng Entwécklung, dass den Iwwerschoss am uerdentleche Budget all Joer konsequent weider schrumpft. Do musse mär eis mat Hänn a Féiss dogéint wieren, andeems mär esouwäit et geet bei eis selwer spueren an awer och beim Staat Drock maache fir méi eng gerecht Opdeelung vun den Zouschëss tëschent de Gemengen ze kréien.

 

De Buergermeeschter huet gesot „eis Evolutioun géif sech weider a rouege Gewässer bewegen, mär packen deen een oder anere klenge Stuerm“. Wa mär awer de PPF (plan pluriannuel de financement) fir d’Joeren 2016 an 2017 kucken, do kéint awer och schonn eng kleng Lëftchen eis liicht ëmgeheien, esou wéi de „Solde à reporter“ an deenen 2 Joere schrumpft.

De Buergermeeschter huet gesot et wär säin 10. Budget an domat ee klenge Jubiläum, mä mär wéilten him soen, dass mär him dozou gratuléieren an eis eng Freed draus maachen him eisen 10. Nee ze schenken.

Nathalie MORGENTHALER