CSV-STELLUNGNAHM ZUM AVIS IWWERT DE CONTOURNEMENT VU KAERJENG

CSV-STELLUNGNAHM ZUM AVIS IWWERT DE CONTOURNEMENT VU KAERJENG

D’CSV huet sech vun Ufank un ëmmer géint e Contournement vu Käerjeng op Suessemer Terrain gewiert.

An déi Positioun hu mär ëmmer esou vertrueden, egal wat fir eng Parteien un der Muecht wuaren, sief dat bei eis, sief dat bei eise Käerjenger Noperen oder sief dat an der Regierung.

Ech ka mech nach genee drun erënneren, wéi de Fred SUNNEN eis ëmmer gezielt huet, dass déi deemoleg Ministerin HENNICOT-SCHOEPGES alles probéiert huet fir eis dozou ze kréien dem Contournement zou ze stëmmen. Ouni an d’Detailer wëllen ze goen, wëssen déi Meescht heibanne wéi aner Dossieren dozou benotzt gi si fir eis ënner Drock ze setzen, mä d’CSV ass ëmmer standfest bliwwen.

 

Déi Varianten déi d’Regierung zur Diskussioun stellt, zerstéieren d’Natur nohalteg, och wa Kompenséierungsmossname virgesi sinn.

Et ass schwéier no ze vollzéien, wéi eng gewësse Fläch als Natura 2000- an Habitat- Zone zu Bréissel kann ausgewise ginn an dann, wann dat engem net méi an de Krom passt, einfach esou réckgängeg gemat an zerstéiert ka ginn.

Ech wetten, wann d’Gemeng do e Projet gehat hätt, da wär dat net esou einfach gaangen, hei hu mär „Deux poids, deux mesures“, fäerte mär ganz.

Ok, et ginn op enger anerer Plaz (oder méi Plazen) Kompenséierungsmossname geholl, well dat vum Gesetz hir muss geschéien, mä d’Fauna a Flora sinn awer op dëser Plaz schützenswäert an esou einfach kritt een esou eng schéin a schützenswäert Zone net op eng aner Plaz verlagert. De Bësch ass eng gring Trennung tëschent deenen zwou Gemengen, dee vu ville Leit och als Noerhuelungsgebitt benotzt gëtt.

D’Tanklager, déi och nach net vum Dësch sinn, wäerten och net dozou bäidroen, dass ee méi berouegt un deen Dossier kann erugoen.

 

Lo ass et awer esou, dass d’Gemeng Käerjeng iwwert déi läscht Joren ëmmer méi Verkéier bäikritt huet. Dee Verkéier ass zum Deel hausgemaacht, awer net nëmmen. Mär kënne verstoen an deelen och d‘Meenung, dass eng Léisung zu deem Verkéiersproblem muss fonnt ginn.

Mä esouguer de Minister BAUSCH huet schonn e puer Mol missten zouginn, dass de Käerjenger Contournement keng Verkéiersproblemer wäert léisen.

All d‘Verkéiersproblemer däerfen net nëmme lokal gekuckt ginn, mä mussen op alle Fall regional, national an esouguer iwwert d’Grenzen eraus, ugepak ginn.

Am Fall vum Käerjenger Contournement, verlagere mär ee lokale Problem, dee momentan vun A op B besteet, herno nëmme vun C op D. Hei gëtt eng nei Schlauf gebaut, déi eng oder méi Uertschaften entlaascht an aneren nëmmen nach méi schued.

Esou selektiv Léisunge kënne mär net mat verantworten, hei feelt et un engem Gesamtkonzept fir de Verkéier am ganze Süden, am ganze Land an doriwwer eraus an de Grëff ze kréien.

Virun iwwer 10 Joer hat de Jean-Claude JUNCKER eng Kéier d’Konzept vum 700 000- Awunner-Stat lancéiert. Deemools huet hee gesot, dass 2050 esouvill Awunner an eisem Land néideg wäre fir eis Economie, eis Pensiounskeesen an eise Sozialversécherungssystem nohalteg oprecht ze erhalen. Deemools als Horrorzeeniaro ofgestempelt, gëtt dës Rechnung eng Kéier Realitéit an dofir muss een all d‘Erausfuerderunge mat Zäiten ugoen.

Den IVL (Integratives Verkehrs- und Landesentwicklungskonzept), deen iwwregens vum deemolege Minister an haitege Käerjenger Buergermeeschter an d’Liewe geruff gi wuar, ass och eng Manéier fir d’Planung vum Land mat grousse Linnen a Konzepter un ze goen.

De Käerjenger Contournement ass awer an deem Gesamtkonzept nëmme Geflécks. Mär géifen eis aner Mossname wënschen, déi d’Problemer och méi regional uginn an deementspriechend och national géife léisen. Hei ass national Solidaritéit gefrot!

An eisem Avis gi mär genuch Beispiller wat een dorënner ka verstoen: méi op den ëffentlechen Transport setzen, deen natierlech och méi attraktiv a performant muss gestalt ginn, Opfangparkinger direkt un der Grenz fir dass de Verkéier sech manner a verschidde Richtungen oder op verschiddene Plaze staut… asw asf.

Vu dass de Käschtepunkt vun engem Contournement jo och net vun der Hand ze weisen ass an de Bau jo och net vun haut op muar méiglech ass, plädéiere mär dofir a méi séier ëmsetzbar a méi nohalteg Léisungen z’investéieren. Mär proposéieren an eisem Avis jo och eng Hellewull Moossnamen déi net esou deier gi wéi e Contournement an zousätzlech direkt kéinten ëmgesat ginn.

Et ass deemno wierklech derwäert all dës Virschléi als 1. eng Kéier z’analiséieren an ze testen an dann hir Repercussiounen ze moossen. Et ginn eiser Meenung no gutt a manner deier Alternativen déi missten ausprobéiert ginn, éier een nei Stroosseninfrastrukture baut a Gringzone fir ëmmer zerstéiert.