Nationalfeierdag kee Freedefeier? Bilan vun eisem neie Mülltaxereglement? Déifferdenger Recyclingzenter op Suessemer Terrain?

Froen un de Schäfferot vun der Gemeng Suessem

Bieles, de 7. Juli 2016

Gemäss dem Artikel 25 vum Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988, erlaabt eis Äech an der Sëtzung vum nächste Gemengerot folgend Froen ze stellen:

  • Dësen Nationalfeierdag ass jo fir déi 1. Kéier eng Lasershow amplaz vum Freedefeier gemat ginn. De Buergermeeschter huet och d’Grënn fir dëse Wiessel a senger Ried duergeluet.
    • Kéinte mär awer w.e.g. gewuer gi wéivill fréier e Freedefeier kascht huet a wéivill haut esou eng Lasershow kascht?

 

  • Am Kader vun de Budgetsdiskussiounen hate mär e Bilan vun eisem neie Mülltaxereglement gefrot.
    • Wär et w.e.g. méiglech eng Kéier do genee Zuelen ze kréien, zumools vum neie System vum Ofhuele vum Sperrmüll an Eegeregie?
    • Gëtt et och Statistike wat eis Bierger op de SIVEC féieren?

 

  • Am „Luxemburger Wort“ vum 28. Juni 2016 stung ze liesen, dass d’Gemeng Déifferdeng e Recyclingzenter op Suessemer Terrain baut. Obwuel de Bau scho gutt fortgeschratt ass, hat weder d’Bautekommissioun de Projet presentéiert kritt an aviséiert, nach hat de Buergermeeschter eng Baugenehmegung ginn.
    • Wéi ass et méiglech, dass esou e Bau iwwerhaapt ouni Erlaabnis konnt ugefaange ginn?
    • Firwat bauen déi Déifferdenger e Recyclingzenter an eiser Gemeng?
    • Ass et wouer, dass dësen Zenter nëmme vun den Déifferdenger Bierger wäert kënne genotzt ginn?

 

Merci am viraus fir Är Äntwerten, mat eise beschte Gréiss
Fir d’CSV-Fraktioun,
Mike LORANG, Nathalie MORGENTHALER a Carine REUTER-BAULER