CSV-STELLUNGNAHM ZUM BUDGET 2017

CSV-STELLUNGNAHM ZUM BUDGET 2017

Ee grousse Merci geet vun eiser Säit aus un all déi Leit vum Gemengepersonal, déi op iergendeng Manéier bei dësem Budget matgewierkt hunn.

Loosse mär emol mat deene positive Punkten ufänken.

Mär hu misste schmunzelen, well de Buergermeeschter a sengen Ausféierung ni dat Wuert „KUSS“ benotzt huet. Heen huet vum Scheierhaff oder dem CORKS geschwuat. Mär wuare jo nach ni wuarm fir dësen neien Acronyme, mä et freet eist, dass sech dat Wuert esouguer bei eise politesche Responsabelen nach net duerchgesat huet.

Mär begréissen, dass et mam Projet vun de „logements encadrés pour personnes âgées“ soll virugoen. Ech mengen déi selwecht Ausso hu mär zwuar och scho méi wéi eng Kéier op dëser Plaz esou gemat an et ass awer net wierklech virugaangen.

Mär sinn op alle Fall frou, dass de Projet net gestuerwen ass a si bereet deen zesumme mat virunzedreiwen. Mär si gespaant op d’Konzept, wat d’Gemeng eis da lo virleet. Wann et erwënscht ass, bidde mär selbstverständlech och eis Hëllef u fir gemeinsam no enger Léisung am Sënn vun de betraffene Leit ze fannen.

Et stellen sech neemlech nach vill Froen zu deem neie Projet, esou wéi e geplangt ass. Déi nei Transaktioun vu ronn 7 532 000€ muss wierklech nach gutt gepréift ginn, well et kéint een awer fäerten, dass de Präis ze héich ass. Et hu bestëmmt net fir näischt sech esou wéineg Interessente fir de Kaf vun enger Wunneng fanne gelooss, wou dach honnerte vu Leit op der Informatiounsversammlung wuaren.

Wéi funktionéiert dat herno konkret, wann d’Gemeng dee ganze Projet iwwerhëlt?

Mär sinn natierlech och berouegt ze liesen, dass zu Suessem Verbesserunge ronderëm d’Helge- a Rouerbaach geplangt sinn. Ënnert deene 87 000€, déi fir en „Devis en élaboration“ do stinn, kënne mär eis awer leider net vill drënner virstellen. Et geet wahrscheinlech bei wäitem net mat deem dote Betrag duer. Et musse Léisungen hir, déi d’Leit dauerhaft virun Iwwerschwemmunge schützen, egal wéi vill et schlussendlech kascht.

Positiv ze bewäerten ass och d’Tatsaach, dass d’Moossnahme vum Klimapakt am viraus solle bekannt gemat ginn. Den Ament gëtt et eng kloer Richtlinn un déi sech dann och muss gehale ginn.

Am läschte Gemengerot hu mär neemlech héieren, wéi de Klimapaktbudget huet misse fir een Imprévu opkommen. Déi Ausgab huet vläicht am wäitste Sënn vum Wuert nach an d’Konzept gepasst, mä mat deene Sue wuar bestëmmt eppes anescht geplangt, wat elo huet misste wuarden.

Wat d‘Uschafung vun de Gemengebecheren ugeet, esou wéilte mär nach eng Kéier hei drop opmierksam maachen, dass onbedingt e Pfand bei Fester muss gefrot ginn, soss verschwannen erëm esouvill Bechere spuerlos. Da kéint een natierlech de Veräiner déi och gratis zur Verfügung stellen, wann ee sécherstellt, dass si e Pfand dofir froen.

Natierlech sti mär zu 100% zu den Investissementer an eis Schoulgebaier a freeën eis och, dass de Bau vun der Maison Relais, der Sportshal an der Schoul um Belval endlech uleeft. Niewendru kënnt jo dann och nach e Gebai vun der EDIFF (éducation différenciée). Et ass flott, dass dës Kanner am selwechten Eck an d’Schoul wäerte goen, well dacks entsti Beréierungsängschten, nëmme well een deen aneren net kennt. Esou kënnen awer pädagogesch interessant Projeten tëschent Kanner mat enger Aschränkung an eise Schoulkanner entstoen.

Mär si frou ze gesinn, dass d‘Sommerrodelbahn och dëst Joer erëm mat 0€ am Budget 2017 steet. Ass de Projet elo domat definitiv gestuerwen?

Et ass natierlech äusserst bedauerlech, dass bis elo ronn 10 000€ an de Sand gesat gi sinn.

Et stellen sech no der Presentatioun an dem Studéiere vum Budget och e ganze Koup Froen, ob verschiddener wéilte mär hei agoen.

Nieft dem Projet Matgesfeld sinn och nach Gäert resp. Geméisgäert am Roude Wee zu Bieles geplangt. Wou sollen déi genee entstoen an zu wat fir engem Zweck?

Beim Projet Matgesfeld hu mär elo rezent de Plan directeur mam Zougang an d’Reseauen zu de Gäert fir 50 000€ gestëmmt.

Mär hate jo no engem Gesamtkonzept an de Pläng gefrot, well mär deen Dag vun der Ofstëmmung fir d‘1. vun dëse „Futurs jardins du Matgesfeld“ héieren hunn.

Iergendswéi ass aus den Diskussiounen erausgeklongen, wéi wann sech d’Majoritéit nach net eens wär wéi de Projet schlussendlech soll ausgesinn. Et ass eis verséchert ginn, dass dës 50 000€ egalwéi gutt a sënnvoll investéiert wären, onofhängeg vun der zukünfteger Ausriichtung vum Site.

Lo liese mär awer, dass nach zousätzlech 90 000€ fir d‘Kanalisatioun an 110 000€ fir d’ „conduite d’eau“ op dëser Plaz sollen dobäikommen. Där erwuard dach net eeschthaft vun eis, dass mär esou Zomme matstëmmen ouni richteg ze wësse wat dohi kënnt?

Da wollte mär och froen, wéi et mat eisem „Masterplan Barrierefreies Bauen und Planen“ ass. Dee gëtt jo net méi separat am Budget gefouert a mär hunn eis alt gefrot wat an deem Kader gemat gëtt.

Mär hu gelies, dass d’Trottoire ronderëm d‘Velospiste solle méi niddreg gemat ginn. Wéi steet et da mam Rescht vun eisen (Stroossen-) Infrastrukturen? Op der Grenz vun Zolwer an Eilereng si bei enger Bushaltestell Trottoirsplacke mat Noppe fir blann resp. séigeschiedegt Matbierger geluecht ginn, dëst awer net ganz duerchgehend an nëmmen op enger reduzéierter Streck.

Plangt d’Gemeng dat elo méi flächendeckend ze maachen an dat konsequent bei all neie Bau resp. Renovatioun? Dat selwecht gëllt och fir vill aner Servicer wou konsequent den 2-Sënneprinzip misst ugewannt ginn, d.h. dass akustesch Signaler och visuell mussen ugewise ginn an Texter och sollen als Sprooch ugebuede ginn an ëmgedréint.

D’Barrierefräiheet an den „Design for all“ mussen de Standard ginn an net d’Ausnahm bleiwen. Mär sinn eis natierlech bewosst, dass dat heiansdo méi deier gëtt oder den Opwand méi grouss ka ginn, mä mär hunn och als Gemeng d’Verpflichtung alle Leit entgéint ze kommen.

Wou mär elo schonn an deem Eck sinn, géif et eis och interesséieren ze wësse wéi et mat der Tax ass, déi d’Majoritéit hei exklusiv fir d’Awunner aus der Lampecher Strooss an der Suessemer Strooss zu Zolwer wollt aféieren. Do stinn neemlech 0€ Recetten am Budget dran. Huet den Inneminister sech nach net dozou geäussert?

Da stinn eng Camionnette an e Minibus fir d’Veräiner fir 30 000€ am Budget. Firwat sinn dës Acquisitioune virgesinn? Sinn déi aner Gefierer futti resp. ze al oder kommen dës zousätzlech dobäi? Et wär vläicht interessant emol gewuer ze ginn, wéi dacks d’Veräiner iwwerhaapt dorop zeréckgräifen.

Dann hu mär gesinn, dass e Parking fir d’Tennishal an d’Kloterhal fir 25 000€ geplangt sinn. Vu dass e Privatpromoteur de Bau vun der Kloterhal jo realiséiert, wäert dësen sech dann och un de Käschte fir de Parking oder soss d’Alentoure bedeelegen? Wou ass de Projet iwwerhaapt genee drun, wou sti mär do?

Well d’Escher Gemeng de „Parking résidentiel“ um Belval wëllt aféieren, gi mär praktesch gezwongen dat selwecht op Bieleser Säit ze maachen. Deemno kommen d’Leit um Belval an direkt ronderëm och net laanscht eng méi restriktiv Parkregelung.

Elo sti fir 140 000€ Horodateuren am Budget fir d’nächst Joer. Wuar dann net gesot ginn, et géif mol mat Parkscheiwe geschafft ginn? Fir wéini ass d’Ëmsetzung dann ongeféier geplangt? Bei den Einname stinn am Budget op alle Fall nëmmen 250€.

Ronderëm d’Schlass sollen d’nächst Joer 100 000€ investéiert ginn. Wat genee mat deene Suen do geschitt, wësse mär leider net am Detail. Déi Saache gi mär ëmmer nëmme stéckerchersweis gewuer, wann eng konkret Saach ëmgesat gëtt.

Mär haten d’läscht Joer jo och hei ugereegt ee Streichelzoo op där Plaz ze maachen, vu dass et schonn Déieren do ginn an d’Gemeng den Iwwerdaach fir d’Schof jo och scho selwer finanzéiert huet.

Mär hunn och e puer Widderspréch entdeckt op déi mär äech wéilten opmierksam maachen.

Et ass an der Finanzkommissioun oder heibanne gesot ginn, dass de Sprangbuer virun der Gemeng soll duerch eppes anescht ersat ginn. Lo steet awer eng „Mise en conformité de la technique pour la fontaine d’eau place de la Mairie“ fir 80 000€ am Budget. Wéi ass dat méiglech?

Mär haten och eng Kéier eng Diskussioun heibannen iwwer Defibrillatoren. Et wuar dofir plädéiert ginn, esou Apparater op mannst bei all gréisser ëffentlech Gebaier opzehänken. Wa mär eis awer richteg drun erënneren, hat de Schäfferot déi Siicht net gedeelt. Elo stinn awer 20 000€ am Budget fir 2017. Wéi ass dat dann elo ze verstoen?

De Kulturpass ass als solches net am Budget erëmzefannen, allerdéngs ass awer Reklamm dofir virgesinn a budgetiséiert. Dat muss awer emol een eis erkläre wéi ee ka Promotioun fir eppes maache wat een net gedenkt ze bezuelen.

Beim Budgetsartikel iwwert de “Pass Sport & Culture” steet keen eenzege Cent méi am Budget fir d’nächst Joer, woubäi deen eis awer am Joer 2016 3800€ kascht huet. Firwat ass op deem Posten näischt méi virgesinn? Dat ass jo awer net dat selwecht wéi de Kulturpass, oder?

Eis ass schonn opgefall, dass op verschidde vun eisen Doleancen, resp. Fuerderungen, agaange ginn ass. Merci dofir.

Mä wéi „Déi Lénk“, déi hir Fro schrëftlech eraginn huet, froe mär eis och wéi de „Fonds de dotation globale des communes  (FDG)“ fir eis Gemeng iwwerhaapt zesumme gesat ass.  Bekanntlech spille jo 5 Critère mat:

  1. La population ajustée
  2. Les emplois salariés
  3. L’indice socio-économique
  4. Les logements sociaux
  5. La superficie ajustée

Eis ass op alle Fall opgefall, dass mär all Kéier, jee nodeem, aner Awunnerzuele benotze fir eis Beträg ze rechnen, resp. rechnen ze loossen:

Fir de Syvicol sinn et 15 748 Awunner, fir d’GSH (Gemeng Suessem hëlleft) 16 170, fir de „Service d’encadrement: Recettes activités pour jeunes“ 14 900, fir d’Prokappverschëldung besteet eng Preferenz fir d’Zuel vu 17 000 ze huelen.

Mär denken op alle Fall, dass de Kapp vu 17 000 Awunner, dee bis zum Enn vum Joer 2017 erreecht soll ginn, ze héich gegraff an net realistesch ass.

Mär vermësse ganz kloer Saachen am Budget, déi mär selwer an enger oder méi Sëtzungen ugereegt hunn.

Esou hätte mär eis Subsidië fir d’Promotioun vun der „mobilité douce“ gewënscht, z.B. fir E-Biken. Als Inspiratioun fir d‘Gréissenuerdnung: an der Nopeschgemeng gëtt z.B. e Pedelec mat 200€ subventionéiert.

Mär fuerdere scho méi laang, dass den M-Pass fir sämtlech Bierger an net nëmme fir d’Gemengepersonal soll zum Deel vun der Gemeng bezuelt ginn, esou wéi dat aktuell jo och schonn de Fall fir d’Jumboskuart ass. Mär haten an deem Kontext och gefrot, ob dës Ënnerstëtzung net am Kader vum Klimapakt kéint lafen.

Dann hätte mär eis och M-Boxe bei den Zuchguare gewënscht. Do misste mär als Gemeng méi proaktiv un d’CFL eruntrieden a kucke wou se Sënn maachen. Aktuell plangt d’CFL neemlech keng op eisem Territoire.

Dat selwecht gëllt fir de P&R bei der Guar Käerjeng-Suessem. Den Nopeschbuergermeeschter huet an hirem Gemengerot gesot, hee géif d’Vergréisserung vum CFL-Parking als Tromp beim Contournement benotzen. Wat dat och ëmmer heescht?

E Minimum vun Attraktivitéit muss op alle Fall garantéiert si fir d’Leit ze motivéieren op den ëffentlechen Transport zeréckzegräifen.

D’Tatsaach, dass d’Busser net op den Zuchplang an ëmgedréint ofgestëmmt sinn, mécht d’Saach natierlech och net méi einfach. Vläicht kéinten do eis Syndikatsvertrieder e gutt Wuert fir eis all aleeën. Dass de Bus an den Zuch och elo Nuets fueren, ass natierlech begréissenswäert.

Da vermësse mär och nach ëmmer Moossnahme fir d’Anhale vun den Delaie bei grousse Bauprojeten. Mär haten do schonn e puer Mol gefuerdert, dass déi Bauhären déi hir Délaien net respektéieren, sollen eng Geldstrof bezuelen. Wann ee gesäit a bedenkt, dass d’Cité Fénkelbierg am Metzerlach d’nächst Joer no „sage und schreibe“ 10 Joer eréischt fäerdeg gëtt, dann ass dat en Hohn!

Esou eng Schlamperei ass net méi ze vertrieden a geet op d’Käschte vun der Allgemengheet! Mat engem konsequenten Taxereglement kréicht ee méi Disziplin dran, méi kuerz Schantercher a wann et net anescht geet, noutfalls och nach Suen an d’Gemengekeess.

D’läscht Joer hate mär op dëser Plaz de Schäfferot och drop opmierksam gemat, dass beim Lycée Belval aus zum Deel banaliséierte Camionen an Autoen an der Mëttesstonn eng Zort „Restauration rapide“ mat Pizza an ähnlechem ugebuede gëtt. Well net sécher ass, ob dës Ubidder all déi néideg Erlaabnisser hunn, hate mär gefuerdert d’ITM (Inspection du travail et des mines) an d’Douane fir Kontrollen dohinner ze schécken. Doriwwer eraus kéint d’Gemeng, ähnlech wéi zu Esch an an der Stad, fest Plaze mat gesondem Iessen ausweisen an ee klengt Standgeld dofir froen.

Wat ass iwwerhaapt mat dëser Suggestioun geschitt?

Zu Eilereng steet de Plan directeur erëm mat 0 € dran. Dat wuar jo och schonn d’läscht Joer de Fall. Du ass eis gesot ginn, dat wär normal, dee wär esouwäit fäerdeg.

Mär hunn en als Gemengerot awer nach ëmmer net virgestallt kritt a wat méi schlëmm ass, de Schäfferot huet sech ausschaffe gelooss wéi Eilereng kéint gestallt ginn, mä et steet awer glat a guer näischt doriwwer am Budget. D.h. zu Eilereng ass nach ëmmer näischt Konkretes geplangt.

An der rue d’Esch vun der selwechter Uertschaft gi leider d’Trottoiren och nach ëmmer net frësch gemat. Mär kennen d’Grënn, mä mär bedaueren dat awer zudéifst.

An der Rue des Alliés zu Bieles kéint de Schoulwee och méi sécher gemat ginn, mä dat gesäit de Schäfferot leider net esou.

An där Plaze ginn et nach an der Gemeng, wou d’Bierger net zefridde sinn, well d’Trottoiren duerch Schikanen an 30er Zonen net ëmmer gutt geséchert sinn an/oder Autoe méi séier wéi erlaabt duerch dës Zone fueren.

Mär plädéiere fir eng Bestandsopnam vun deene geféierleche Plazen a froen no Léisunge fir d’Sécherheet vun alle Foussgänger.

D‘“Etude de faisabilité“ vum Veräinshaus zu Bieles huet d’Gemeng sech schlussendlech 25 000€ kaschte gelooss. Wéi de Plang zu Eilereng schéngt déi ofgeschloss ze sinn, vu dass fir d’nächst Joer keng Sue méi dofir virgesi sinn. Mä wat ass dat fir eng Politik? Entweder ech plangen eppes, well ech och konkret eppes do wëll maachen oder ech loossen et direkt sinn. Dat do gesäit dono aus, wéi wann ee sech d’Fangeren net wéilt verbrennen. Et ass méi einfach e Büro d’études eppes soen ze loossen, da kann ee sech herno erausrieden, „si“ hätte gesot…

Eiser Meenung no misst jiddefalls an deem Gebai onbedéngt e gréissere Sall fir d’Veräiner erhale bleiwen.

An elo zu engem Deel vun den negativen Aspekter vun dësem Budget, d.h. Saachen déi mär esou net novollzéie kënnen.

Den Hot City Réseau soll fir 80 000€ um Belval installéiert ginn. U sech ass dat jo eng begréissenswäert Moossnahm, mä wann een awer uklénge léisst, an dat hu mär esou eraushéieren, wéi wann dat ev. nëmmen an deem Quartier soll gemat ginn, dann hu mär awer e Problem domat. Dass een net alles iwwerall ka gläichzäiteg maachen, dat ass jo verständlech, mä mär bleiwen der fester Iwwerzeegung, dass esou Saache flächendeckend an der ganzer Gemeng musse gemat ginn an net ee Quartier oder eng Uertschaft bevirzucht ka ginn.

Onverständlech ass fir eis och, dass eng 2. Etude de faisabilité iwwert d’Maison relais an de Musékssall zu Zolwer muss gemat ginn. Bis elo si fir eng 1. Etude schonn 30 000€  esou fort an da komme fir 2017 nach eng Kéier 150 000€ dobäi. D.h. 180 000€ nëmme fir Etuden. Wéi gesot, onverständlech!

Ech hunn et virdru scho gesot, mär begréissen et dass d’Sommerrodelbahn ewechgelooss ginn ass. Mä vu dass där ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt sidd, ass dann elo eng „Etude de faisabilité concernant la création d’un téléphérique dans la commune de Sanem“ fir 25 000€ fir d’nächst Joer am Budget erërmzefannen.

Ass dat den Ersatz zu der Sommerrodelbahn? Wann dat eent näischt gëtt, da maache mär dat anert?

Ass et aus Nostalgie zu de Buggien déi soss eis Landschaft am Minett geprägt hunn? Wat fir een Zweck erfëllt déi Gondel iwwerhaapt? Ass dee Projet geduet fir Leit ze befërderen oder fir den Tourismus unzekuerbelen?

Et ass schwiereg fir eis dohannert ze gesinn an esoulaang mär keng weider Erklärungen a Presentatioun dozou gemat kréien, bleift dee Projet liicht illusoresch fir eis a mär gesinn zu dësem Zäitpunkt de Sënn an Zweck net dovun an.

Ausserdeem fäerte mär, dass hei Sue fir d’Etüd, neemlech déi 25 000€, grad esou an de Sand gesat ginn, wéi déi 10 000€ fir d’Etüd vun der Sommerrodelbahn.

Dann ass e „Pavillon gastronomique“ am Park „Um Belval“ fir 250 000€ am Budget 2017 agedroen. Mär hu misste staunen, wou mär gesinn hunn, dass fir 2016 schonn 10 000€ am Rectifié stinn, obwuel mär eis net kënnen drun erënneren dës Zomm gestëmmt ze hunn.

Iwwerhaapt hu mär nach näischt vun dësem Projet héieren.

D’Iddi ass net onbedéngt schlecht, zemools fir d‘Diversifizéierung vun der Kichen op deem Site an d‘Attraktivitéit vun där ganzer Plaz. Mä fir eis feele vill ze vill Donnéeë fir deem einfach esou kënnen zouzestëmmen.

Kritt dee Restaurateur Oplagen, z.B. mat wat fir enge Produkter muss gekacht ginn? Fir wat fir een Zielpublikum ass dëse Restaurant iwwerhaapt geduet? Op där Plaz passt net onbedéngt e Stärerestaurant.

Mär hu jo gesinn, wéi et de Proprietaire vum Restaurant/ der Brasserie am CIPA ergaangen ass. Ass hei dann net ev. dru geduet ginn engem Privatpromoteur den Optrag ze ginn? Firwat soll d’Gemeng hei de Bauhär ginn?

Ass d’Gemeng dann do fir engem Restaurateur ee schéine Restaurant dohinner ze setzen?

Wann et nëmmen drëm geet, dass d’Gebai an d’Landschaft passt, dann hätt een dat jo och esou kënne vum Bauhär fuerderen.

Wa mär wierklech esou sozial wëlle sinn, wéi de Buergermeeschter et a senger Ried esou dacks gesot huet, kéint ee sech jo och en ähnlecht Konzept wéi zu Déifferdeng am klenge Casino virstellen an hätt domat 2 Mécke mat engem Schlag geschloen.

Där héiert et eraus, hei ginn et nach Froen iwwert Froen a vill Onkloerheeten iwwert d’Konzept.

A propos „sozial“, eis ass opgefall, dass fir 2017 net geplangt ass een eenzegen CAE (contrat appui-emploi) ze beschäftegen. Dëst ass awer eiser Meenung no eng ganz gutt Manéier sozial ze sinn a gläichzäiteg Suen ze spueren, vu dass de Stad bei de Paie bäileet.

De Knobelmusée steet dann d’nächst Joer mat 700 000€ am Budget. Lo gëtt schonn 3 Joer dru gedoktert a mär hunn nach ëmmer kee konkret Konzept presentéiert kritt.

Ronn 92 000€ si schonn ausgi ginn an den Devis ass nach ëmmer „en élaboration“.

Et wär awer interessant ze wësse wéi dat Ganzt herno soll funktionéieren. Wéi steet et bei deem Projet mat de Personalkäschten? A wat fir enger Form bedeelegt sech de Stad bei deem ganze Projet, vun de Gebailechkeete bis bei d’Paien?

Där „Devis en élaboration“ sinn der méi ze fannen, am Ganzen 83 Stéck. Dat mécht gutt, well ee ka soen et géif eppes gemat ginn an et géif dru geschafft ginn, mä et kann een awer ganz dacks net soen, dass domat de Projet fäerdeggestallt ka ginn. Schlussendlech street een domat de Leit Sand an d’Aen. Et berouegt een si a sech selwer mat der Tatsaach, dass op mannst ugefaange gëtt.

2017 si Gemengewahlen a mär ginn d’Gefill net lass, dass dëse Budget roueg erofleeft. Et ginn op munch Plazen Hiewelen ugesat, mä richteg konsequent zu Enn gefouert ginn déi meescht awer net méi onbedéngt.

Ee Beispill, wou et manner ëmmer d’Zomm geet, mä méi fir z’illustréieren, dat ass de Jugendgemengerot. Dee steet all Joer erëm mat 1000€ am Budget, mä et geschitt awer näischt. Dobausse kann een awer zielen, mär investéieren am Joer 2017 XY€ an d’Jugend, ouni dass dat herno tatsächlech gemat gëtt. Mä et kléngt gutt…

D’Kaz ass dann och endlech national aus dem Sak an den Inneminister huet verrode wéi déi berühmtberüchtegt Gemengefinanzreform soll ausgesinn. Si kënnt emol, dat ass jo schon e Fortschrëtt, mä zefridde kënne mär als Suessemer Gemeng a Bierger net sinn.

Mär kréie sécherlech Sue bäi, mä virun der Reform wuaren nach 5 aner Gemengen hannert eis am Klassement, d.h. déi manner kritt hu wéi mär an elo kënne mär eis bretzen déi 1. ze sinn, leider awer déi 1. vun hannen. Mär si landeswäit déi Gemeng, déi am mannsten aus dem „Fonds communal de dotation financière (FCDF)“ vum Staat kritt. Mär kréien 2268€ pro Awunner an d’Landesmoyenne läit awer bei 2752€.

Mär wëllen hei net laang op den Inhalt vun der Reform selwer an d’Alternativpropose vun der CSV agoen, dat ass schliisslech Nationalpolitik. Et sief awer gesot, dass d’CSV Variant méi zu eise Gonschte gewiescht wär wéi deen aktuelle Rechemodus.

De Buergermeeschter huet gesot mär hätten eis als Gemeng mat fir déi Reform agesat. Ausser eisen Aussoen heibannen, dass mär vehement eng Reform gefuerdert hunn, ass menges Wëssens no näischt vun eiser Säit aus geschitt. Vläicht muss de Buergermeeschter sech selwer mat der Nues huelen, schliisslech ass heen deen eenzegen Deputéierten an eiser Ronn an den Inneminister, deen dës Reform ze verantworten huet, ass och nach an där selwechter Partei wéi eise Buergermeeschter.

Nieft deenen Zousazeinnamen duerch d’Gemengefinanzreform, kréien mär an den ausseruerdentlechen Einnamen och nach eng Kéier 1 255 000 vun der SIDOR an an den uerdentlechen Einnamen 1 250 000€ fir d‘Deponie op der Gadderscheier. All dës zousätzlech Suen dinn natierlech net wéi.

An trotzdem mussen erëm weider Prêten opgeholl ginn. Wéi gesot, de Projet vun de Seniorewunnengen an d’EDIFF Gebai ënnerstëtze mär voll a ganz vum Prinzip hir, mä beim Präis muss awer onbedingt Fouss beim Mol gehale ginn.

Mär wäerte wéi all Joer géint de Budget stëmmen, net aus Prinzip, mä aus Iwwerzeegung, well fir eis ass dëse Budget een Auslafbudget. Zum Deel ass gudde Wëllen dobäi, awer ouni méiglech Realisatioun vun dësem Wëllen.

Et stëmmt, dass d’CSV déi meescht Projete mat der Majoritéit an dem Rescht vum Gemengerot matstëmmt. Et stëmmt, esou wéi de Buergermeeschter et gesot huet, dass d’Ziel ëmmer dat selwecht ass, mä de Wee ass et sécherlech net ëmmer.

Eng ëmmer méi grouss Intransparenz an net-Abanne vun de Kommissiounen oder aner Uarbechtsgruppen, mécht et fir eis ëmmer méi schwéier d’Projeten novollzéien ze kënnen. Mär solle Projeten, déi jo ni geschenkt sinn, hei matstëmmen, obwuel mär guer net wësse wat dobäi soll erauskommen. Et héiert ee muenchmol aus den Diskussiounen eraus, dass Saache lancéiert ginn, dass lassgeluecht gëtt, obwuel een sech an der Majoritéit emol nach net driwwer eens ass, wat dobäi soll erauskommen.

Nom Motto: „Et kléngt gutt oder steet eis gutt zu Gesiicht, komm mär maachen emol!“

Fir eis ass et dann immens schwéier a frustrant, wa Virschléi guer net gelauschtert ginn. Konstruktiv Kritiken a konkret Uleies vun de Leit vun der Strooss oder vum Gemengerot ginn einfach iwwerhéiert.

Mär vertrieden hei d’Bierger aus eiser Gemeng a probéiere fir hiert Bescht ze handelen. Mär kënne fir eis awer net vertrieden Äech ee Fräifaartsschäin auszestellen, wann där selwer heiansdo net wësst a wat fir een Hafen äert Boot steiert.

Nathalie MORGENTHALER