Contournement Bascharage : ‘ester en justice contre l’APD, oui ou non ?

2013 gouf eise GT gegrënnt, mat der Aufgab, d’Opportunitéit vum Bau vum Cont. z’analyséieren. Mir haten iwwert déi Joeren 22 Sëtzungen, wou mir all Aspekter a Varianten analyséiert hunn.  A wou mir ëmmer zesumme geschafft hunn, Vertrieder vun alle Parteien aus dem Gemengerot an och vun deenen anere Parteien, déi et an eiser Gemeng ginn, Vertrieder vu verschidden Organisatiounen, wéi de Mouvéco, der NVL, der BIGS. Mir hunn ëmmer zesummen un engem Strang gezunn. Dofir fannen ech et net gutt, dass elo eng Partei ‘déi Lénk’ deen Alleingang gemaach hunn, fir op de Fernseh ze goen an eng Pressekonferenz ofzehalen. Et kann ee sech froen, wat sie domadder bezweckt hunn.

Et woar eis ëmmer wichteg, fir zesumme SCHNELL Léisungen ze fannen, well mir eis bewosst sinn, dass d’Situatioun an der letzeb. Strooss zu Käerjeng net gutt ass fir d’Leit. Mir wollten a wëllen nach ëmmer Léisungen, déi séier kënnen e Resultat brénge fir d’Situatioun ze verbesseren an dat ass sécher net de Bau vun engem Contournement, dee vill Joere Planung brauch an da vill Joere fir de Bau, mat Chaos während dem Chantier. An deen op der A13 an zu Schuler an Dippech nach méi Stau a Verkéier verursaacht. Mee d’Leit brauchen ELO eng Verbesserung vun der Liewensqualitéit an net eréischt an 7-8 Joer. Dofir hu mir praktesch a jidder eenzelner vun deenen 22 Sëtzungen ëmmer erëm op Mesuren higewisen, déi méi schnell, méi efficace a fir manner Geld kënnen ëmgesat ginn.  Dës Mesure sinn eis bekannt, och duerch eis gutt gefouert Campagne an eis Brochure an ech wëll se lo net nach eemol all opzielen.  Mee et gi sécher nach anerer, wéi den Duerchgangsverkéier vun de Camionen duerch Käerjeng ze regelen.

Et ass gewosst, dass eng nei Strooss méi Autoen, méi Verkéier, méi Emissioune mat sech zitt. An de Problem, deen elo an der letz. Strooss besteet, gëtt just verlagert. Net ze vergiessen natierlech, dass d’Natur grousse Schued erleit. Et ass net nëmmen eng Natura 2000 Zone, mee och eng Zone de protection spéciale Lias Moyen an 2 national Zones de protection déi geschiédegt ginn.

De Staatssekretär Camille Gira hat an enger Ried Ufanks 2018 genau vun deene Mesure geschwat, déi mir ëmmer propagéiert hunn, hien huet ausdrécklech intelligent Luten, di « gring Wellen », genannt, wéi se zu Käerjeng geplangt wieren. Mee firwat dann déi Idee net direkt ëmsetzen, fir DIREKT e Resultat ze kréien ?

De Minister Bausch huet e puer Mol gesot, dass de Contournement de Verkéiersproblem net léist, also wiesou iwwert €139 Milliounen ausginn, fir keng Léisung ze hunn ?

An dem Rapport vun der 1. Sitzung vum GT steet wuertwiértlech: « éier eng nei Strooss gebaut gëtt, soll een als éischt all aner Méiglechkeeten ausschöpfen». A wa mir elo net  a Recours virum Tribunal administratif géint den Avant-Projet détaillé (APD) vum Contournement ginn, hu mir net all Méiglechkeeten ausgeschöpft a sinn eise Wierder net trei bliwwen.

Et geet net drëm, coûte que coûte eisem Nopeschduerf eng Strooss ze verweigeren, et geet drëm, dass hei eng Strooss vu just 4,2 km soll gebaut ginn, ouni de Problem weder direkt lokal nach regional ze léisen. Well dat ass et, e regionale Problem, deen aner Léisunge brauch. Eis Mesure kënnen awer di lokal Problemer vill méi schnell a bëlleg léisen, ob dëser Plaz an op villen aneren. An et si Mesuren derbäi, déi sech schon deelweis am Ausland bewäert hunn. Wat di regional Problemer betrëfft, do mussen aner, méi wäitgräifend Mesuren ënnerholl ginn.

Dofir sinn d’Franca Romeo an ech derfir, dass mir a Recours ginn, well mir un eis Chance gleewen a well mir eise Leit ëmmer versprach hunn, all Méiglechkeeten auszeschöpfen.

Carine Reuter-Bauler