Budgetsried 11. Dezember 2020 – CSV
Vir d’éischt wëlle mir als CSV-Fraktioun e grousse Merci ausspriechen un all déi Leit vum Gemengepersonal, déi bei der Opstellung vun dësem Budget matgewierkt hunn.
Dëse Budget 2021 dréit kloer d’Handschrëft vun den 2 Parteien CSV an LSAP fir dem Koalitiounsprogramm gerecht ze ginn.
Wéi schonn vun eiser Finanzschäffin Nathalie Morgenthaler an eiser Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz gesot ginn ass, hu mir ronn 7,5 Milliounen manner Einnamen an dësem Joer 2020. Fir de Budget 2021 sti mir also virun der Equatioun mat manner Einnamen trotzdeem an d’Zukunft ze investéieren.
Eng Rei Projeten sinn dofir aus budgetäre Grënn postposéiert ginn, wat net heescht gestrach gi, awer em zumindest 1 Joer zeréckgesat, dat sinn: den Ëmwelt- a Bildungszentrum am Matgesfeld wou awer d’Planifikatioun gemaach gëtt fir och hei ze weisen dat de Projet just zäitlech versat gëtt, de Muskulationssall fir d’Veräiner um Scheierhaff an de Mathiko, wou jo Probleemer opgetratt sinn wärend den Ufanksaarbechten an nach net gekläert ass wien do fir d‘Probleemer responsabel ass.
Ech well des Kéier just haaptsächlech op d’extraordinär Ausgaben fir 2021 agoen. D’Ausgaben an d’ordinär Einnamen si jo e Méindeg duergestallt ginn. Hei fält eis Appreciatioun positiv aus well si dem Koalitiounsprogramm vun LSAP an CSV entspriechen.
Eng Feststellung well ech just ervirhiewen, nämlech dat ronn 61% vum ordinäre Budget Personalkäschten sinn. Personal wat noutwendeg ass an kompetent schafft a sech asetzt. D’Hallschent vun dëse Käschten falen op d’Kanner- a Seniorebetreiung.
Bei den extraordinären Ausgaben ass de spektakuläerste Sprong d‘ Ausgaben fir de Logement social.
Ech hunn e bësschen an de Budgetsrieden aus dem leschte Joerzéngt gebliedert an e puer Mol dra fonnt dat d’CSV do bemängelt huet, z.B. 2010, huet dat – ech zitéieren aus dem compte-rendu -: „déi aktuell Majoritéit och nach ëmmer näischt an de soziale Wunnengsbau investéiert. Et ass net fir d’1. dass mär heirop hiweisen. (…) An dat wär awer och eng Moossnam mat där een engem finanziell méi schlecht Bemëttelte kéint hëllefen an entgéintkommen. Déi Zomm déi mär 2009 an 2010 vum Pacte Logement kréie gëtt integral an d’Sportshal Scheierhaff gestach. Mär hätten natierlech léiwer gesi wann een Deel vun de Suen och eng méi sozial Verwendung fonnt hätt.“ Souwäit d’Citatioun vum Nathalie Morgenthaler am Joer 2010.
D‘LSAP hat grad wéi mir, d’CSV, an hirem Walprogramm 2017 stoen d’Schaffen vun zousätzlechem bezuelbaren Wunnraum ze fërderen, sou dat an der Schäfferotserklärung vun 2017, dem Koalitiounsofkommes vun der aktueller Majoritéit, Folgendes festgehalen ginn ass:
„aktive Unterstützung sämtlicher Bemühungen zur Schaffung von zusätzlichem und erschwinglichem Wohnraum
Schaffung eines Service Logement innerhalb der Gemeinde, der in enger Zusammenarbeit mit dem Sozialamt arbeiten soll“
2020, dëst Joer also, ware schonns knapp 6 Milliounen Suen virgesinn, an 2021 gi mir am ganzen op 11,1 Milliounen erop fir de Kaf vun Wunnengen an Bauplazen.
Dat ass de Kaf vun Bauplazen fir 8 Milliounen um Belvalsud, donieft sinn och nach 1,5 Milliounen virgesi fir weider Bauplazen. Da si fir de Kaf vu Wunnengen 1 Millioun virgesinn. Donieft och 625 000€ fir Logementer. Weider: 2 Appartementer an der Walerwiss zu Eilereng an 3 Appartementer op der Metzerhéicht. Also 11,1 Milliounen am ganzen wat verglach mat 2020 bal engem Verduebelen gläich kennt.
De Service Logement ass geschaaft ginn an dofir och eng weider Halleftâche gestëmmt ginn fir dëser wichteger Aufgab Här a Meeschter ze ginn.
Well et geet net duer en Terrain ze hunn, e muss och kenne effizient genotzt gi. Mir wëssen dat mir op dësem Wee weider goe mussen an an de soziale Wunnengsbau investéieren, well mir an deem Domän nach e grousse Manko hunn. Op jidder Fall si mir iwwerzeegt um richtege Wee ze sinn.
Do si mir ganz op der Linn mat deem wat mir als CSV an och d‘LSAP an eisem gemeinsame Programm geschriwwen hunn.
Weider fanne mir am Extraordinäre Budget 1,7 Milliounen fir den Ausbau vun dem Soussol vun der Gemeng. 2,8 Milliounen stinn do fir d’Maison Relais nieft der Schoul 2000.
Eng Rei Realisatiounen wäerten nieft der Gare Belval / Réiden gemaach ginn: Renovatioun vun der Hal fir fir d‘Becherwäschanlag ronn eng ½ Millioun, e Gîte, grad ewéi e bësschen méi wäit ewech dovun de Sentier Historique des Mineurs, jeeweils fir ronn de selwechte Montant vun enger ½ Millioun.
Ënnert dem Begrëff „mobilité douce“ sinn am ganzen 2,2 Milliounen virgesinn, dorënner z.B. 150 000€ fir Vëlosweeër ze ënnerhalen an 200 000€ fir d’Aarbechten vun engem Wee tëscht dem Zare an der Monnerecherstrooss zu Eilereng.
Am Kapitel Environnement sinn 8,6 Milliounen am Budget: Am Kapitel Ofwaasser fanne mir de gréissten Deel vun dësen Suën : fir d’Kanalisatioun an der Déifferdengerstrooss; d’Kanalisatioun an der rue Grande-Duchesse Charlotte zu Bieles; Kanalisatioun an der rue Aessen / rue de Sanem; den « axe pluvial » vun der rue de la croix Richtung Brillbach; d’Virfinanzéieren vum „ collecteur by-pass“ Monnerech; verschidden Amelioratiounen fir d‘Helgebach an d‘Rouerbach zu Suessem an an der rue du Brill zu Bieles. Dir gesitt vill Ausgaben, eng Rei Onannehmlechkeeten an den nächste Joer awer besonnesch substanziell Verbesserungen fir den Alldag vun eise Bierger.
Mir appreciéieren och dat 50 000€ virgesi sinn fir „dynamesch Panneauen“ op de Busarrêten déi d’reell Offaartszäit uginn.
Bei eise Schoulen stinn e.a. folgend Ausgaben am Budget: 2 Milliounen Finitiounsaarbechten um Kannercampus. D’Schoulhäff gi jo noeneen ugepasst. Et ass elo un deem vun der Schoul Roude Wee fir e Montant vun 235 000€. D’Konzeptioun ass an engem participativen Prozess mat alle Bedeelegten ausgeschafft ginn. Och d’Fassad muss do reparéiert ginn fir 65 000€. An natierlech wëlle mir jo dat eis Schoulen topequipéiert mat informateschem Material sinn, dofir och nach 50 000€.
Ech ernimme just e puer weider Punkten déi jidderengem vun eis zegutt kommen an eisem gemeinsamen Programm entspriechen:
- Beliichtungsmasterplang
- Nei Beliichtung an der Cité Kauffmann
- Infrastrukturaarbechten an eise Stroossen fir 3,9 Milliounen, dorënner Zone 30 virun der Schoul zu Eilereng, Trottoiren an der Uewerkuererstrooss, der rue de France an der Avenue 2000, Amenagementer an der rue Grande-Duchesse Charlotte zu Bieles
- Waasserleitungen erneiert fir ronn 4,4 Milliounen zu Zolwer: rue de Limpach, an der Cité 2000 an zu Bieles an der rue Grande-Duchesse Charlotte.
- Am Projet SNHBM „Geiben“ kréien mir Büroen, e multifunktionelle Sall a Reim fir d‘Equipe de Proximité, fir 1 Millioun
- Moderniséierung vun der Tribün um Fussballterrain zu Suessem
- Den Dach vum Kulturzentrum an der rue du Stade zu Bieles
- Erneieren vu Fënsteren am Kulturzentrum Suessem
Suen sinn och virgesi fir d’Assisen fir Kultur, Sport a Jugend d’nächst Joer ze organiséieren. Mat dem Bautereglement beschäftegt sech och en Aarbechtsgrupp.
Souwäit de klengen Iwwerbléck vun Ausgaben am Extraordinäre Budget.
Eng, a mengen Aen eminent wichteg Remark, well ech awer och nach bäifügen. Mir mussen et fäerdeg bréngen eis Resolutioun zum Klimawandel an allen Domänen méi ze berécksiichtegen.
Mir hunn virun engem Joer gestëmmt dat « le conseil communal collabore avec le conseil échevinal et les services compétents pour consolider un budget qui permettra d’agir de manière urgente en faveur du climat, qui évitera de nouveaux investissements publics dans les infrastructures dépendantes des combustibles fossiles et qui assurera à tous les citoyens un avenir qui permette de faire face et de s’adapter aux changements climatiques. » an « notre commune encouragera, d’un côté, l’intégration des questions climatiques dans tous les domaines des compétences communales, et de l’autre côté, la coopération entre les départements concernés afin d’élaborer avec la plus haute priorité des stratégies pour réduire considérablement les émissions de CO2. »
Un eis fir ze maachen dat dëst net nëmmen eng flott Resolutioun bleift, mä se och an d’Praxis ëmgesat gëtt.
D’Fraktioun vun der CSV wäert, wéi erwaart, dëse Budget stemmen.
Gaston Anen