Zënter enger gewëssener Zäit sinn nieft dem Suessemer Schlass erëm Flüchtlingen ënnerbruecht.
CSV Fraktioun Suessem
Schantejer an eiser Gemeng
Froen un de Schäfferot Am Ament si jo vill Schantejer an eiser Gemeng a verschiddener schéngen engem iwwerdriwwe laang ze daueren (z.B. d’Cité Fénkelbierg am Metzerlach). (méi…)
Mobilitéit a Klimabündniss
Froen un de Schäfferot Aner Gemenge, wéi beispillsweis Monnerech, leeë bei engem Joeresabo vum ëffentlechen Transport alle Bierger, déi eng Demande maachen, ee gewëssene Prozentsaz vum Präis bäi. D’Gemeng Suessem ass jo Member am Klimabündnis, huet de Klimapakt ënnerschriwwen an huet sech virgeholl den ëffentlechen Transport verstäerkt ze förderen, ë.a. och mam Ubidde vum M-Pass fir säi Personal. Gemäss dem ...
CSV-STELLUNGNAHM ZUM BUDGET 2015
Ee grousse Merci geet vun eiser Säit aus un all déi Leit vum Gemengepersonal, déi beim Budget matgehollef hunn. Mär luewen dëst Joer d’Tatsaach, dass mär d’Circulaire budgétaire vum Inneminister all Kéier virugeleet kritt hunn an och dass d’Membere vum Gemengerot an d’Finanzkommissioun invitéiert gi sinn, wann och e bësse spéit. (méi…)
Gedenkt de Schäfferot ee spezielle Kannerkierfecht an ee Bëschkierfecht an eiser Gemeng z‘amengéieren?
Un de Schäfferot vun der Gemeng Suessem Bieles, November 2014 Gemäss dem Artikel 25 vum Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988, erlaabt mär Äech an der Sëtzung vum nächste Gemengerot folgend Froen ze stellen: (méi…)
CSV-Stellungnahm zum Punkt 12 « Approbation de l’avis relatif aux plans directeurs sectoriels
CSV-Stellungnahm zum Punkt 12 « Approbation de l’avis relatif aux plans directeurs sectoriels (…) » vum 24. Oktober 2014 D’CSV deelt d’Meenung, dass déi ganz Prozedur vun der Konsultatioun vun der Bevölkerung an de Gemenge vill ze kuerz ausgefall ass. Den Informatiounsfloss an den Dialog hu stuark ënnert dem Zäitdrock gelidden. D’Leit hunn hir Doléance misste an der grousser Vakanz ofginn an d’Gemenge hiren Avis ...
Fairtrade-Brunch an der Schoul 2000 mat manner Leit
Un de Schäfferot vun der Gemeng Suessem Bieles, den 2. Juni 2014 Samschdes, den 31. Mee 2014 wuar e Fairtrade-Brunch an der Schoul 2000. Et sinn awer leider manner Leit komm ewéi erwuart an doduerch si vill Reschter (Iessen a Gedrénks) iwwregbliwwen. Een Deel dovun ass, eisen Informatiounen no, un eist Altersheem, eis Maison relais an un déi Leit déi deen Dag gehollef hunn, verdeelt ginn, een aneren Deel huet ee ...
CSV-Stellungnahm zum Punkt 22 « Autorisation de principe au collège des bourgmestre et échevins de contracter un emprunt de 6 000 000 € pour financer les projets prévus au budget extraordinaire » vum 7. Februar 2014
Eis Fraktioun hat am Kader vun der Budgetsdiskussioun 2014 de Wonsch ausgedréckt, dass d’Gemeng esoulues misst d’Handbrems bei den Emprunten zéien. Och den Inneminister huet a senger Zirkulär gefuerdert, dass een Emprunt nëmmen am äussersten Noutfall soll opgeholl ginn, souzesoen als leschten Auswee. Schliisslech wësse mär alleguer, dass d’Zënsen, déi duerch een Emprunt op eis zoukommen, natierlech hier ...
CSV-STELLUNGNAHM ZUM BUDGET 2014
Ee grousse Merci geet vun eiser Säit aus un déi Leit vum Gemengepersonal, déi beim Budget matgehollef hunn. Perséinlech wëll ech dem Carine ee grousse Merci soen, well hatt den Exercice vun der Analys vun dësem Budget mat mär zesumme gemat huet. Mär luewen dëst Joer d’Tatsaach, dass mär d’Circulaire budgétaire vum Inneminister direkt virugeleet kritt hunn, allerdings ass anscheinend an der Zwëschenzäit eng ...
Déi Aktuell Problemer vum SIGI mat “macommune.lu”
Froen un de Schäfferot Un de Schäfferot vun der Gemeng Suessem Bieles, den 11. November 2013 Gemäss dem Artikel 25 vum Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988, erlaabt mär, Äech an der Sëtzung vum nächste Gemengerot e puer Froen ze stellen. An der leschter Ausgab vum Magazin vun der FGFC (Fédération générale de la fonction communale) stinn e puer Artikelen zum SIGI (Syndicat intercommunal de la gestion informatique) ...