Skip to content

Afterwork CSV Suessem 26.05.2023

Hallo,

Heimat wollt ech äech am Numm vum Comité vun der CSV Suessem ganz häerzlech op eise 6. Afterwork invitéieren. 

Dësen ass Freides, de 26. Mee vun 18-23 Auer an der Buvette vum Suessemer Fussball.

Et handelt sech hei ëm eng speziell “Nopeschfest edition”, déi e bësse méi laang dauert a wou där d’Geleeënheet kritt fir eis Kandidat*inne besser kennenzeléieren.

Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech erëm beschtens gesuergt.

D’Bieles/Zolwer Guiden a Scoute Grand-Duc Jean wäerte fir eis grillen. De Benefice vum Iesse geet integral u si.

Mär hunn och eng Cocktail an eng Berliner Luft Bar.

D’Hot Daddies Jukebox suerge mat hirem Gesang fir déi richteg Stëmmung.

Fir méi Detailer kuckt äech wgl. de Flyer am Unhang un.

Zéckt net fir dës Invitatioun un all interesséiert Persoune weiderzeschécken.

Mär soen äech Merci am viraus an hoffen äech mat Famill a Frënn deen Dag bei eis begréissen ze kënnen.

Mär freeën eis op äech!

LG,

NATHALIE MORGENTHALER
Presidentin

Beitrag deelen